Code: 24953515
Wann ee probéiert, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een, dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Re ... more
You get 59 loyalty points
Wann ee probéiert, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een, dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d’Haus fest. Mat enger gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an Hielen, Wäschkierf a Schëffer a klotere gewëtzt iwwer all Steen, deen hinnen an de Wee geluecht gëtt.„Déi Wëll lafen am Bësch! Dee Saz hues du dach bestëmmt schonn déi eng oder aner Kéier héieren, oder net? Dësem an nach ville weidere lëtzebuergesche Spréchwierder a Riedewendunge begéins du an eiser Geschicht. Well déi souwuel am wuertwiertleche wéi och am iwwerdroene Sënn agesat sinn, wäerts du kee Problem hunn, fir se ze verstoen, ob s du elo 4 oder 101 Joer al bass. A wann awer nach eng Fro bleift, fënns du d’Erklärunge vun typesch lëtzebuergeschen Ausdréck um Enn vum Buch.Komm elo mat eis op bekannte Plazen am Ländchen, stëmm dat eent oder anert Vollekslidd un an zéck net, déi sëllege Spréchwierder nozebabbelen.“Jim & Charel
23.50 €
Collection points Bratislava a 2642 dalších
Copyright ©2008-24 najlacnejsie-knihy.sk All rights reservedPrivacyCookies
Shopping cart ( Empty )
You are here: